D'Traditioun vum Haus, Lëtzebuerger an Franséisch Kichen beräicheren ären Gaumen mat enger flotter Wäinkaart. Mielkniddelen mat Wäinzoossiss, Bouillabaisse "Mëllerefer Stuff", Cordon bleu maison, sinn nëmmen en puer Saachen déi mer iech hei schonn's verroden. Judd mat Gaardebounen... eng deftëg Choucroute garnie... Hausmaacher Ierzenbulli... oder wéi wier et mat gudden Lëtzebuerger Spargelen... an natierlech Hausmaacher Hollandaise Zoos. Vun Mëttwoch's bis Freides mëttes zervéieren mer fir 12,50€ en flotten an deftegen Menu du jour. Mëttwochs owes ëmmer d'Futtball Champions League op Sky Sport HD an Donneschdes d'Europa League. All Samschden, d'Fussball Bundesliga LIVE an der Sky Konferenzschaltung, och en flotten Rendez-vous bei eis an der Mëllerefer Stuff. Mir freeën eis iech ze begréissen an der beschter Traditioun vum Haus.